D’Vizfest ass dat eelste Fest vun deenen haut ville Fester déi zu Hesper op der Jomésplaz ofgehale ginn.
Wéi all Sportsclub huet de VCF och Weeër misste fanne fir seng Onkäschten ze decken, an hei war d’Iddi de Leit aus der Hesper Gemeng een Originalprodukt unzebidden: Aus Äppel vu Lëtzebuerger Bongerte frëschen Äppelviz ze pressen. Ee gewote Risiko, wëll frësche Viz war deemools en onbekannt Produkt an e Fest am Fräien am Oktober ass jo bekanntlech ganz delikat. Den Organisateure vun deemools war et ganz mulmeg an d’Fro déi am Raum stoung war: wéi vill Viz dann duerno an d’Uelzecht soll fléissen?
Fir den Wiederrisiko ofzeschwächen sollt de Viz och vun Dir zu Dir den Awunner vun Alzeng, Fenteng an Hesper ugebuede ginn. Dee System huet sech bis haut bewäert. All Joer ginn eis Jugendspiller an Equipen opgedeelt, de ganze Samschdeg hiert Produkt unzebidden.
De VCF huet ugefaange mat engem klengen Zelt an d’Fest war op ee Samschdeg beschränkt. De Viz ass deemools
gréisstendeels vun enger Vizerei op der Musel per Fässer vun 300 Liter op Hesper transportéiert an do sur Place a Fläschen agefëllt ginn. Dat war esou ëmständlech, dass am Virfeld freides alt vun 20 bis 24 Auer nëmme Viz agefëllt ginn ass.
Mat där bekannter Vizerei vun Ohn (Charel Lahr) huet den VCF haut och nach ëmmer eng exzellent geschäftlech Relatioun. De pasteuriséierte Viz gëtt hei gepresst, filtréiert, kuerz gehëtzt an an 1-Literglasfläschen agefëllt.
Mir hu séier festgestallt, datt de Viz ganz gutt ukomm ass bei de Leit. D’Palett vun eise Produkter huet sech och vergréissert: Niewent dem frëschen an pasteuriséierte Viz kritt een haut Fiederwäissen, Äppelbeignetën, Äppeltaarten, Äppeldrëpp a Quetschekraut ze kafen.
D’Äppel ginn entweder am Lassene per Kipper oder a Këschte geliwwert. Déi Äppel ginn dann an enger Millen zerschnidden vir duerno an engem Kelter gepresst ze ginn. Schlussendlech gëtt de frëschen Äppelviz duerch e Filter an en Tank geschott, vir da schlussendlech an 1,5 Literfläschen agefëllt ze ginn.
Virun 20 Joer ass Waasser an de Stroum vun der Spuerkees geliwwert ginn. Och konnt de VCF vun der Spuerkeesgarage nach profitéieren. Vu Joer zu Joer huet d’Vizfest sech vergréissert. Vun engem Dag Vizfest gouf et e ganze Weekend zu Hesper. Mat der Ouverture vum Cactus am Joer 1989 um Houwald sinn 2 Deg derbäi komm. Haut ass d’Vizfest zu Hesper ganz ënnerdaach a gehëtzten Zelter.
Wann d’Natur et gutt mengt, da sinn et Äppel vun Héichbeemstämm aus dem Land. Am anere Fall vun Uebstbongerten aus dem Ausland.
Zu deem Punkt zwou Anekdoten: et war eent vun den éischte Vizfester an et war kee gutt Äppeljoer. Mir waren also gezwongen Äppel aus dem Ausland ze kafen. Franséisch Äppel goufen den Dag virum Vizfest geliwwert, mee d’Freed war vu kuerzer Dauer. D’Äppel waren nämlech iwwerzeideg an d’Vizerei huet aus Zäitmangel e Viz geliwwert, dee war esou dréif dass no kuerzer Zäit en Ofsaz vun e puer Zentimeter an der Fläsch sech ofgesat huet. Obschonn d’Fläsche vill gerëselt goufen, war den Ierger bei de Leit verständlech.
Och war ee Joer d’Iwwerraschung grouss, wéi d’Noriicht zu Ouer koum, dass freides mueres virum Vizfest d’Äppel géifen zu Hesper bei der Spuerkeess iwwert d’Strooss bonzelen. Hei hat de Bauer säi Kipper mat e puer Tonnen Äppel kuerzerhand eidel gemaach.
Zweemol waren d‘ Leit vum VCF selwer d’Äppel vun de Beem rëselen an oprafen: Op Mënsbech respektiv op Eppelduerf.
Waren am Ufank ca 40 Leit am Asaz da sinn et zanter Joere 70 bis 80 Leit. De Verkaf selwer huet mat 2170 Liter ugefaangen am Joer 1986 an haut pendelt dat sech zwësche 6.900 bis 7.100 Liter an. Dovun ca. 70% frësche Viz. Dofir eleng goufen 2013, 9 Tonnen Äppel op der Plaz gepresst. Laut eegene Statistike si bis 2013 insgesamt 140.000 Liter Viz verkaf ginn. E stolze Bilan dee mat vill Begeeschterung an Asaz vun de Membere vum VCF zustane komm ass.
Ouni d’Ënnerstëtzung vun de Betriber Charles Lahr, Robi Feyder an Ad De Jong, der Fromagerie de Luxembourg , der Gemeng Hesper an dem Cactus Houwald wär dat Vizfest net ze realiséieren. Dofir e grousse Merci vun dëser Plaz aus.